Actualité

Europadag - Journée de l'Europe

​​​​​​​​​​​​​​​​​​​​​​​

​​​

​​​​​​

​​​​​​​​​​​​​​​​​​​


 


 

 Europadag / Journée de l'Europe


 

Um Europadag, den 9. Mee 2020 hunn d'Lëtzebuerger Stied a Gemengen, zesumme mat hire jeeweilegen Nopeschgemengen aus Däitschland, der Belsch a Frankräich, den europäesche Fändel eropgezunn, fir sech fir d'Ouverture vun de Grenzen anzesetzen. Si hu mat dësem symbolesche Geste e staarke Message vu Solidaritéit un all d'Memberstaate vun der Europäescher Unioun geschéckt.



 
 

 

 

Aleedung a Kontext

Kuel a Stol. Dat war den Ufank. An dem Robert Schuman seng Deklaratioun vum 9. Mee 1950. Haut op den Dag viru 70 Joer. De Schuman koum hei zu Lëtzebuerg op d’Welt. Hie gëllt als ee vun de Grënnungspäpp vun Europa, wéi mir et haut kennen. D’Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland, Italien a Lëtzebuerg hunn 1952 nom Plang vum Robert Schuman d’Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol (CECA) geschafen. Domadder gouf net nëmmen de Fridden tëschent dëse Länner assuréiert, mee virun allem de Grondstee fir déi spéider Europäesch Unioun geluecht.

Déi selwecht sechs Länner hunn 1957 eng Wirtschaftsgemeinschaft an d’Liewe geruff. Dorauser ass d’Europäesch Gemeinschaft (EG) entstanen. Ëmmer méi Länner koumen derbäi. Am Joer 1993 ass mam Vertrag vu Maastricht d’Europäesch Unioun (EU) gegrënnt ginn. Haut nennen eppes Klenges méi wéi 500 Millioune Leit d’EU hiert Doheem.

Dann ass do nach Schengen. Duerch d’Ofkommes vum 14. Juni 1985, viru 35 Joer, huet dat klengt Wënzerduerf am Dräilännereck et fäerdeg bruecht, weltwäit bekannt ze ginn. Schengen steet fir fräie Gidder- a Persouneverkéier. Schengen ass e Meilesteen. Fir all déi Leit, déi an deem Raum liewen. Well Schengen steet fir en Europa mat oppene Grenzen. A fir Frëndschaft.

A genau dat Europa huet an de leschte Wochen zolidd Téitsche krut. Well deem engen an deem aneren op eemol d’Haut méi no war wéi d’Hiem. Wuel kee konnt sech a senge kéngsten Dreem virstellen, datt eng Rei Nationalstaaten erëm géinge Barrièren opriichten a Kontrolle maachen, déi de Passage vun engem Land an dat anert erschwéieren oder onméiglech maachen.

Deklaratioun fir den 9. Mee 2020

Fir en Europa mat oppene Grenzen

Europa huet dat zesummebruecht, wat zesumme gehéiert. Europa, dat ass en Zesummeschaffen an en Zesummeliewen. A kee soll d’Recht hunn, d’Leit an hir Liewensgewunnechten duerch Grenzen ze blockéieren.

Europa, dat sinn Honnerte vu gemeinsamen Aktiounen a Projeten, déi op kommunalem, lokalem a regionalem Plang ëmgesat ginn. Europa, dat si Frëndschaften a Partnerschaften, déi wäit iwwert d’Grenze vun de jeeweilege Länner erausginn. Firwat soll all dat elo beim Kampf géint d’Verbreede vun engem Virus ausser Kraaft an domadder op d’Spill gesat ginn?

Reesen ouni Grenzkontrollen. Sech sécher fillen an een deem anere vertrauen. Europäer ze sinn, bedeit zënter 75 Joer, ouni Krich kënnen ze liewen. Mat ville Fräiheeten, Garantien a Rechter. All dat baséiert op wirtschaftlecher a politescher Stabilitéit. An op der Solidaritéit ënnerteneen. Wéi dat elo zënter Joerzéngten Usus ass ënner gudden Noperen.

Europa ass awer virun allem och en Europa vun de Bierger. Onofhängeg dovunner, ob si déi eng Säit oder déi aner Säit vun de Landesgrenze liewen. Europa ass och en Europa vun de Gemengen a vun de Stied. Well et ass do, wou d’Leit doheem sinn a liewen.

Duerfir och dëse Message vun de Lëtzebuerger Gemengen a Stied zesumme mat hirem Daachverband, dem SYVICOL.

Europa soll bleiwen, wat et ass. Eng staark Unioun!

Déi Unioun gëtt, wéi vill aner Liewensgemeinschafte weltwäit, de Moment vun engem Virus op d’Prouf gestallt, mee duerfir brécht se elo awer net auserneen. Well duerfir sinn all déi Verbindungen ze staark an d’Solidaritéit ze grouss.

Haut op dësem 9. Mee 2020, dem Europadag, genau 70 Joer nom Robert Schuman senger Deklaratioun, halen d’Lëtzebuerger Gemengen zesumme mat hire jeeweilegen Nopeschgemengen aus Däitschland, der Belsch a Frankräich den europäesche Gedanke ganz héich.

Mat engem staarke Message a mat engem symbolesche Geste gëtt den Europafändel eropgezunn.

An och aus Stolz op eng Liewensgemeinschaft, déi esou vill ze bidden huet.

Duerfir: Fir en Europa mat oppene Grenzen. D’Bierger vum ale Kontinent kennen a wëlle keen anert Europa!​


 

*****************


 ​
1599px-Flag of Europe.svg 
​​ 
En date du 9 mai 2020, dans le cadre de la Journée de l'Europe le SYVICOL a lancé l'action « Une Europe aux frontières ouvertes ». Un grand nombre de villes et communes ont participé à cette action à travers le Grand-Duché du Luxembourg.

 
 
 


 ​

 
***

 
Um Europadag, den 9. Mee 2020 hunn d'Lëtzebuerger Stied a Gemengen, zesumme mat hire jeeweilegen Nopeschgemengen aus Däitschland, der Belsch a Frankräich, den europäesche Fändel eropgezunn, fir sech fir d'Ouverture vun de Grenzen anzesetzen. Si hu mat dësem symbolesche Geste e staarke Message vu Solidaritéit un all d'Memberstaate vun der Europäescher Unioun geschéckt.

 
***

 
Le 9 mai 2020 - Journée de l'Europe - les villes et communes luxembourgeoises, ainsi que leurs voisins allemands, belges et français, ont hissé le drapeau européen et se sont engagées en faveur d'une Europe aux frontières ouvertes, envoyant ainsi un message fort de solidarité à tous les États membres de l'Union européenne.

 
***

 
Am 9. Mai 2020 - dem Europatag - hissten die luxemburgischen Städte und Gemeinden zusammen mit ihren Nachbarn aus Deutschland, Belgien und Frankreich die Europaflagge und setzten sich für die Öffnung der innereuropäischen Grenzen ein. Sie sendeten damit eine starke Solidaritätsbotschaft an alle Mitgliedsstaaten der Europäischen Union.​

 

 
***

 
On the 9th of May 2020 - Europe Day - Luxembourg cities and municipalities, along with their neighbours from Germany, Belgium and France, raised the European flag, standing up for a Europe with open borders, thus sending a strong message of solidarity to all member states of the European Union.​​​​​​
​​​​​​​​​
​​​​

 

 
 
​​

 

 
​​​​
​​