Actualité

Schatzsich Fluessweiler-Widdebierg










Dëse Wanderwee adresséiert sech u Famillje mat Kanner an ass vum 15. Juli bis 15. September 2021 "a Betrib". Um Depart bei der Fluessweiler Gemeng kritt dir eng Enveloppe mat allen néidegen Informatioune wat de Wee, d'Froen an d'Spiller um Wee uginn. Dës Enveloppe kënnt dir Iech ab dem 15. Juli an enger Këscht nieft der Gemeng zu Fluessweiler eraushuelen an "d'Schatzsich" ka lassgoen.


Dir kënnt de Wee goe wéini dir wëllt an dir braucht iech net unzemellen: et ass keen Tour mat engem Guide. Hënn si wëllkomm, sollten awer un der Léngt gehale ginn. De Parcours ass net fir Poussette gëeegent.


Op der Arrivée waart eng Belounung fir déi kleng Wanderer an enger Schatzkëscht.

E Parking ass virun der Gemeng respektiv hannert dem Centre Culturel vu Fluessweiler deen direkt nieft der Gemeng ass.

Falls dir nach Froen hutt, kennt dir Iech gäre mellen.


Vill Spaass!


Emweltkommissioun​



Schatzsich.png